Impressum

Besëtzer: Administration Communale 11, rue du Château L-6922 Berg
Bedreiwer: Commission des Jeunes de la Commune de Betzdorf
Kontakt: jk@betzyouth.lu

Disclaimer

1. Inhalt vun der Onlineoffer

Den Auteur iwwerhëlt keng Garantie fir d'Aktualitéit, d'Richtegkeet, d'Vollstännegkeet oder d'Qualitéit vun den Informatiounen. Responsabilitéitsusprech géint den Auteur , déi sech ob Schied materieller oder ideeler Aart bezeien, déi duerch d'Notzung oder d'Netnotzung vun den Informatiounen respektiv duerch d'Notzung feelerhafter oder onvollstänneger Informatiounen verursaacht goufen, sinn grondsätzlech ausgeschloss, souwäit vun der Säit vum Auteur keng noweisbar virsätzlech oder grave fahrlässeg Verschëldung virleit. All Offer ass fräi bleiwend an onverbendlech. Den Auteur behält et sech ausdrécklech fir, Deeler vun den Säiten oder déi ganz Offer ouni extra Umeldung ze veränneren, ze komplementéieren, ze läschen oder d'Publikatioun zäitweis oder definitiv anzestellen. Den Auteur beméit sech andauernd d'Onlineoffer richteg duerzestellen an ze fleegen. Sollten sech trotz gréisster Suergfalt awer Feeler (aller Aart; Grammatik- an Rechtschreiffeeler, souwéi feelerhaft Scripts) ageschlach hunn, sou biet den Auteur drëm dat ze entschëllegen. Indikatiounen ob Feeler kennen duerch d'Kontaktéieren vum Auteur gemaach ginn.

2. Verweiser an Links

Bei direkten oder indirekten Verweisen ob friem Websäiten ("Hyperlinks"), déi ausserhalb vum Verantwortungsbereich vum Auteur leien, giff eng Responsabiliteitsverpflichtung ausschliisslech an deem Fall an Kraaft trieden, an dem den Auteur vun den Inhalter Kenntnis huet an et him technesch méiglech an zoumuttbar wier, d'Notzung am Fall vun rechtswidregen Inhalter ze verhënneren.

Den Auteur erklärt heimat ausdrécklech, dass zum Zäitpunkt vun der Linksetzung keng illegal Inhalter ob den ze verlinkenden Säiten erkennbar waren. Ob déi aktuell an zukünfteg Gestaltung, d'Inhalter oder Urheberrecht /Copyright vun den gelinkten Säiten huet den Auteur keen Afloss. Dofir distanzéiert hien sech heimat ausdrécklech vun all den Inhalter vun all den gelinkten Säiten, déi no der Linksetzung verännert gi sinn.

Des Feststellung gelt fir all bannent der eegener Internetoffer gesaatenen Links an Verweise souwéi fir Friemantreeg am vum Auteur ageriichten Gaaschtbuch, Diskussiounsforen an Mailingslëschten. Fir illegal, feelerhaft oder onvollstänneg Inhalter an besonnesch fir Schied, déi vun der Notzung oder Netnotzung vun sou engen Informatiounen entstinn, haft alleng den Ubidder vun der Säit, ob déi verwisen gouf, net deen jéinegen, den iwwert Links ob déi jeeweileg Verëffentlechung nëmmen verweist.

3. Copyright an Kennzeechenrecht

Den Auteur ass bestrieft, an allen Publikatiounen d'Copyright vun den genotzten Grafiken, Toundokumenten, Videosequenzen an Texter ze beuechten , vun him selwer gemaachten Grafiken, Toundokumenter, Videosequenzen an Texter ze notzen oder ob Lizensfrei Grafiken, Toundokumenter, Videosequenzen an Texte zeréckzegräifen.

All bannent vun der Internetoffer genannten wei och duerch Drëtt geschützten Marken- an Wuerenzeechen ënnerleien onageschränkt den Bestemmungen vum jeeweilegen gëldegem Kennzeechenrescht an den Besetzrechten vum jeeweilegen agedroenem Besëtzer. Alleng ob Grond vun der blousser Nennung heescht et net dass Markenzeechen net duerch Rechter vun Drëtten geschützt sinn!

Den Copyright fir verëffentlecht, vum Auteur selwer erstellten Objeten bleift alleng beim Auteur vun den Säiten. Eng Vervielfältegung oder Verwendung vun sou engen Grafiken, Toundokumenten, Videosequenzen an Texter an aneren elektroneschen oder gedruckten Publikatiounen ass ouni ausdrécklech Zoustëmmung vum Auteur net erlaabt an erfuerdert eng schrëftlech Genehmegung vum Auteur.

4. Datenschutz

Souwäit bannent der Internetoffer d'Méiglechkeet perséinlech oder geschäftlech Daten (Emailadressen, Nimm, Adressen) unzeginn besteet, sou erfollegt d'Publikatioun vun den Daten vum Notzer ob ausdrécklech fräiwëlleger Basis. D'Benotzung oder Bezuelen vun allen ugebuedenen Déngschter ass -souwäit technesch méiglech an zoumuttbar- och ouni d'Uginn vun sou engen Daten, oder ënner dem Uginn vun anonymiséierten Daten oder vun engem Pseudonym erlaabt. D'Notzung déi am Kader vum Impressum oder vergläichbaren Informatiounen verëffentlechten Kontaktdaten wei Adressen, Telefon- oder Faxnummeren souwéi Emailadressen duerch Drëtt fier d'iwwersenden vun net ausdrécklech ugefuerderten Informatiounen ass net erlaabt. Rechtlech Schrëtter géint den Versender vun sougenannten Spam-mails bei Verstéiss géint dat Verbuet sinn ausdrécklech virbehalen.

5. Rechtswirksamkeet vun desem Haftungsausschloss

Dësen Haftungsausschloss ass als Deel vun der Internetoffer unzegesinn, vun dem ob des Säit verwisen gouf. Souwäit Deeler oder eenzel Formuléierungen vun dësem Text vun der gülteger Rechtslag net, net méi, oder net vollstänneg entspriechen sollten, bleiwen déi iwwreg Deeler vum Dokument an hirem Inhalt an hirer Gültegkeet dovun onberéiert.